GlobeTrotter.lu
  • Home
  • News
  • Reportagen
  • Kontakt

Esou hëlt een sech d'Stéieren nom Shopping am Ausland zeréck

29/10/2018

0 Kommentare

 
Bild
Bëlleg an der Vakanz akafen an och nach Geld zeréckkréien: Dat ass fir Lëtzebuerger an villen Länner ausserhalb vun der EU méiglech. Touristen kréien een Deel vum Kafpräis zeréck, wann se d'TVA zeréckfuerderen. D'Spuerpotenzial hänkt vum Stéiersaatz vum Reesland of, erkläert déi schwedesch Gesellschaft 'Global Blue'. An Norwegen zum Beispill léit den Stéiersaatz bei 25 Prozent. An deenen meeschten Länner ass fir d'Réckerstattung een bestëmmten Mindestëmsaz néideg. An Regiounen mat gutt ausgebauter touristescher Infrastruktur werben vill Geschäfter mat "Tax Free" (Steierfräi) an den Vitrinnen. Falls net vun baussen ersiichtlech, kënnen Touristen am Geschäft nofroen, ob steierfräit Akafen méiglech ass.

Konkret leeft d'Akafen dann folgendermoossen of: Wann Touristen aus engem EU-Land an engem Net-EU-Land akafen, bezuelen se als éischt mol den normalen Kafpräis mat den Stéieren. Den Händler ass net dozou verflicht, een Formular fir d'Reckerstattung auszestellen, dofir gëllt: Nofroen! Falls disponibel, soll een dat Dokument vum Verkeefer stempelen loossen. Heiansdo kritt een an verschidden Geschäfter d'Stéieren direkt erëm. Am Normalfall kritt den Reesender dat Geld awer eréischt um Fluchhafen oder bei der Grenz zeréck. D'Akeef dierfen d'Touristen awer net direkt auspaken. Mat original verpaakter Wuer, Réckerstattungsformular an Reespass muss den Keefer um Fluchhafen virtrieden. Oft stempelt d'Douane den Formular of an erdeelt d'Ausfuerbestätegung fir d'Wuer. Dës Bestätegung muss elo, jee no Aart vum Formular, direkt dem entspriechenden Service-Schalter um Fluchhafen iwwerreecht ginn.

An puer Länner huet d'Douane awer näischt mat der Stéiererstattung ze dinn an kennen d'Formularen net ofstempelen. Sou ass et zum Beispill an Norwegen. Do leeft déi gesamten Prozedur iwwert den Tax-Refund-Schalter. Am Shopping-Land USA gëtt et méi komplizéiert. "Anescht wéi an Europa gëllt an den USA keen eenheetegt Stéiersaatz, mee d'Héicht vun den sougenannten 'Sales-Tax' gëtt vun den eenzelen Bundesstaaten selwer festgeluecht an kann souguer vun Stad zu Stad variéieren", erkläert den Sven Oehme, Beroder vun der Amerikanescher Handelskummer an Däitschland. D'Steiersätz schwanken jee no Staat zweschen 0 an ongeféier 12 Prozent. Guer keen 'Sales-Tax' gëtt et an Alaska, Delaware, Montana, New Hampshire an Oregon, wat dës Staaten zu besonnesch beléiften Shopping-Zieler fir Touristen mëscht. New Jersey, Minnesota an Pennsylvania berechnen keng Stéieren op Kleeder. An aneren Bundesstaaten gëllt d'Steierbefreiung op Kleedung nëmmen bis zu enger bestëmmten Präisgrenz, Accessoiren an Sportartikel oft  ausgeschloss. An puer Bundesstaaten wéi Alabama, Florida an Texas gëllen oft Aktiounswochen, an deenen komplett steierfräi akaaft kann ginn.

Domat den Schnäppchenkaaf nett zu enger Enttäuschung gëtt, mussen Touristen op d'Aféierungs- an d'Douanesbestëmmungen zu Lëtzebuerg oppassen. D'Stéieren déi ze bezuelen sinn, Variéieren jee no Wuerenwäert an Produit of. Fräi sin Akeef, déi iwwert den Fliger agefouert ginn, bis zu engem Gesamtwäert vun 430 Euro. D'Douane, wéist drop hin, dass et zum Beispill bei Produiten aus Déieren oder och planzlecher Materialien souwéi Arznéi an Betäubungsmëttelen Beschränkungen an Aféierungsverbued ginn. Generell sollen d'Produiten fir den perséinlechen Gebrauch, fir Famill oder Kollegen oder als Kaddo geduecht sinn. D'Wueren däerfen, laut Douane, net fir den verkaf bestëmmt sinn.
0 Kommentare



Hinterlasse eine Antwort.

    Aner Reportagen

    Bild
    Déi 10 beléiftsten Stiert vun der Welt
    Liesen
    Bild
    Esou magesch ass dat gréissten Eisfestival vun der Welt
    Liesen
    Bild
    Wisou et Äscheb-echeren am Fliger ginn obwuel et verbueden ass ze fëmmen
    Liesen

    Kategorien

    Alle
    Camping
    Ëmwelt
    Entspanung & Wellness
    Finanzen
    Fluchhafen
    Foire Vakanz 2019
    Gesetzer
    Hotel
    Ranking
    Remisen
    Roadtrip
    Sightseeing & Kultur
    Stories
    Transport
    Wantersport

    Bild
    Sonja Wilmes
    Rees journalistin
    Bild
    Jacques Reiser
    REES JOURNALIST
© COPYRIGHT 2019. ALL RIGHTS RESERVED.
Foto verwendet unter Lizenz von Creative Commons aus MIKI Yoshihito. (#mikiyoshihito)
  • Home
  • News
  • Reportagen
  • Kontakt