GlobeTrotter.lu
  • Home
  • Themen
    • Camping
    • Croisière
    • Fliger
    • Fluchhafe
    • Fräizäitpark
    • Hotel
    • Roadtripp
    • Seightseeing
    • Wellnëss
    • All d'Reportagen
  • Destinatiounen
    • Asien >
      • China >
        • Peking
      • Emiraten >
        • Abu Dhabi
        • Dubai
      • Indien
      • Japan >
        • Osaka
      • Kambodscha
      • Saudi Arabien
      • Singapur
      • Thailand >
        • Bangkok
    • Australien >
      • Melbourne
    • Europa >
      • Däitschland >
        • Berlin
        • Bodensee
        • München
      • England >
        • London
      • Frankräich >
        • Paräis
      • Island
      • Italien >
        • Roum
        • Venedeg
      • Kroatien
      • Lëtzebuerg
      • Moldawien
      • Portugal >
        • Lissabon
      • Slowenien
      • Spuenien >
        • Mallorca
      • Tschechien >
        • Prag
      • Ungarn >
        • Budapest
    • Mëttelamerika >
      • Karibik >
        • Aruba
    • Nordamerika >
      • USA >
        • Los Angeles
        • New York
        • San Francisco
  • Kontakt
    • Eis Equipe
    • Reesplaner
    • Impressum

A Schottland mécht deen éischte Béier-Hotel an Europa op - Mat eegen Zapanlag an all Kummer

21/11/2019

0 Kommentare

 
Bild
Béierdusch mol anescht: An Schottland mécht den éischte Béier-Hotel an Europa op! An all Buedzëmmer gëtt et eng Béier-Minibar an an all Kummer gëtt et tatsächlech eng eegen Zapanlag!

Schottland steet fir schéi Bierg-Landschaften, wäit Gletscher-Däll an déif Séien. Mee säit kuerzem gëtt et hei net nëmme spektakulär Natur ze bewonneren, mee och den éischte Béier-Hotel an Europa. D'Craftbeer-Brauerei 'BrewDog' huet zu Aberdeen den DogHouse Hotel opgemaach - an deem sech alles em de Béier dréint.

Begréisst ginn d'Gäscht an dësem Hotel mat engem killen a frësch-gezaapte Béier. Nom Check-in geet et op d'Kummer an där d'Méiglechkeet besteet sech säin eegene Béier ze zaapen. An hopfeg gëtt et och um Teller: Et gëtt een Dräi-Gänge-Béier-Frühstück. Och ënnert der Dusch mussen d'Clienten net drop verzichten, well souguer an der Buedzëmmer steet ee Béier-Frigo.

D'Präisser fir eng Nuecht am DogHouse fänken bei ëmgerechent 88 Euro un. D'Zëmmere si modern ageriicht. Dir kennt och ären Hond matbréngen an dat souguer gratis. Den Hotel gëtt sengem Numm gerecht a bitt Hënn-Better a Leckerlie fir d'Hënn un.

Nach net genuch Béier? D'Clientë kennen och ausserhalb vum Zëmmer méi ëm de Béier erliewen. Zum Beispill am Béier-Musée oder an der Béier-Librairie. Dir kënnt souguer nach emol op d'Schoulbänk an d'Béier-Schoul goe wou dir léiert wéi ee Béier selwer Doheem maache kann. Ausserdeem kennen d'Clienten d'BrewDog-Brauerei zu Ellon besichen, déi ongeféier 20 Kilometer vun Aberdeen fort ass. Zu allen Ausflich gehéiert natierlech eng Béier-Degustatioun dobäi.

Béier-Hotel: Gläich och zu London, Paräis a Berlin
Den DogHouse zu Aberdeen ass den zweete Béier-Hotel vun der Welt - deen éischte steet am Ohio an den USA a gehéiert och zou der BrewDog-Brauerei. Dës plangt nach weider Béier-Hotellen, an zwar zu Manchester, London, Paräis a Berlin.

Iwwregens: Zu Köln gëtt et den 'Hotel zur Malzmühle'. Do gëtt et zwar keng Zapanlag an all Kummer, mee et ginn awer sougenannte Braumeeschter-Suitten, an deene géint een Oppräis eng Zapanlag aus deem Kölsch fléisst an déi an der Buedzëmmer dobäi gebucht ka ginn.
0 Kommentare

5 Tipps fir ee gratis Zëmmer-Upgrade am Hotel

12/8/2019

0 Kommentare

 
Bild
Opgepasst! Dat hei ass näischt fir Reesufänger! Wann een am Hotel an enger méi grousser Kummer schlofe wëll ouni extra dofir ze bezuelen, muss ee selbstsécher a Geschéck virgoen. Globetrotter.lu gëtt iech hei 5 Tipps fir am Hotel ee gratis Zëmmer-Upgrade ze kréien.

Wann ee säin Hotelzëmmer bucht geséit een oft beim auswiele vun der Kummer méi grouss Zëmmeren déi engem säin Openthalt sécherlech méi angenehm an interessant maachen géifen. Leider huet een awer net de passende Budget fir sech eng méi grouss Kummer ze leeschten. Mee bezuele muss een awer net onbedéngt ëmmer. Well een Upgrade ass deemno awer méiglech; an dëst souguer gratis! Well léif ëm een Upgrade froe kann een ëmmer an dës 5 Tipps hëllefen dobäi:

1. An deem richtegen Hotel buchen
Wéi staark d'Zëmmeren an engem Hotel ausgelaascht sinn, hänkt oft vun der Gréisst vum Hotel of. Kleng an bëlleg Hotelle si ganz oft um Weekend voll, woubäi déi grouss Hotellen éischter an der Woch ganz beluecht sinn. Eisen Tipp also: Kleng Hotellen an der Woch, grouss Hotellen um Weekend.

2. Net déi bëllegste Kummer buchen
Wann een an der fetter Suite wunne wëll, geet dat sécherlech net vu ganz ënnen. Déi mëttel Kategorie muss et schon sinn, fir sech als Gaascht wäertvoll erschéngen ze loossen.

3. Op den Timing oppassen
Et soll een eréischt Nomëttes anchecken, wann déi meescht Hotelsgäscht schonn ukomm sinn. Well dann huet d'Receptioun ee gudden Iwwerbléck iwwert d'Zëmmeren déi nach zu Verfügung stinn a wahrscheinlech net méi gebraucht oder verkaf wäerte ginn.

4. Emotional sinn
Eng perséinlech Geschicht mécht ee méi sympathesch. Soen dass ee fir ee ganz spezielle Ulass an der Stad ass an den Hotel wonnerschéin fënnt. Awer nëmme wann et och wierklech esou ass: Wat erfonnt ass wierkt net.

5. Léif a gutt drop sinn
Clienten déi meckeren an onfrëndlech si geséit de Receptionnist der scho genuch! Ee Client awer deen mat engem grinsen, léif a gutt drop an d'Receptioun kënnt ass awer éischter seelen. An dat kënnt mat Sécherheet gutt un. Dofir soll een dëst och beim Upgrade-Froen uwenden.
0 Kommentare

Um Hotelschëff 'Queen Mary' eng Zäitrees erliewen

29/3/2019

0 Kommentare

 
Bild
Fréier een Luxusliner, haut een Hotelschëff: D'Queen Mary léit am Hafen vun Long Beach an Kalifornien net wäit vun Los Angeles. GlobeTrotter.lu hëlt iech op eng Zäitrees mat an erkläert iech wisou sech eng Iwwernuechtung op dësem Traditiounsschëff lount.

Eis Visitt fänkt am Bug vun der 'Queen Mary' unn, an zwar an der 'Observation Bar'. D'Bar ass een Dram. Se ass dekoréiert aus méifaarwegem Mahagoni-Holz mat Schmockelementer an deck Liedersfotellen. De Glänner ass aus sëlweren Art-Deko-Päerd beschmückt. De Bléck fält eraus op d'Liichter vu Long Beach, den Hafe vu Los Angeles. Am Heck vum ale Passagéierschëff, um Sportsdeck, ass de Restaurant 'Sir Winston'. Dësen ass am englesche Kolonialstil dekoréiert an zerwéiert excellent amerikanesch Steak's.

D'Queen Mary ass haut een Hotel, ee wou d'Visiteuren sech wéi op enger Zäitrees villen. Well d'Schëff ass eng Dauerausstellung, déi viru puer Joer renovéiert ginn ass. Zu de kierzlech restauréierten Deeler gehéieren déi 3 riseg Kamäiner um Sonnendeck an d'Dampmaschinnen am Schëffsbauch, d'Bréck mat den d'Steierrieder aus Messeng an de 'Travel Room' um Haaptdeck, wou Passagéier fréier d'Landausflich buche konnten.
Bild
Och déi original Offizéier an Éischtklass-Kabinne sinn hannert Glas ausgestallt, souwéi Stackbetter op den ënneschten Decks. An um Heck steet nach d'Kanoun, déi d'Schëff sécher duerch den Zweete Weltkrich bruecht huet, wou d'Zaldoten transportéiert goufen. Se war de Stolz vun der britescher 'Cunard Line' déi och d'Luxusdamper 'Lusitania' a 'Queen Elizabeth' (liest eisen Artikel: "Ex-Kreuzfahrtscheff Queen Elizabeth 2 ass elo een Hotel") gehéiert hunn. D'Schëff 'Queen Mary' war méi grouss wéi d'Titanic' an wichteg a Bekannte Léit si mat hier gefuer: De King George an d'Queen Elizabeth souwéi e.a. d'Greta Garbo an de Charlie Chaplin.

No senger Ausmusterung am Joer 1967 gouf d'Schëff 'Queen Mary' un d'Stadverwaltung vu Long Beach verkaf. Se ass do niewent dem russeschen U-Boot 'Scorpion' an niewent enger wäisser Koppel ugedockt ginn an där den exzentresche Milliardär Howard Hughes fréier seng 'Spruce Goose' ofgestallt huet, den éischten an eenzegen Holzfliger vun der Welt.
Bild
Déi beschte Méiglechkeet fir d'Geschicht vum Schëff ze erliewen ass an enger vun den 9 Suitten oder den 314 sougenannte 'State Rooms', Kabinnen also déi haut als Hotelszëmmer déngen, ze schlofen. Se sinn all renovéiert ginn a mat Flaachbildfernseh an iPod-Dockingstation equipéiert. D'Miwwele sinn dem Original aus den Drëssegerjoren nogebaut. Renovéiert an ënnerhal ass d'Schëff iwwerhaapt, wéi zum Beispill de 'Promenade Café', den néienglesche 'Chelsea Chowder House & Bar' de 'Windsor Salon', de 'Queen's Salon' an de 'Grand Salon'. Um Sonnde gëtt et ee Schampes-Brunch (och fir Nëtt-Hotelgäscht) an an der Hochzäits-Kapell ginn haut ëm déi 150 Hochzäite pro Joer geféiert. Déi meeschte Gäscht vum Hotel sinn Amerikaner an déi meeschten auslännesch Touriste kommen aus Europa.

Mee et bleift awer nach um Schëff ze dinn: D'Schwämm, déif sech am Bauch vum Schëff befënnt, souwéi de Wellness Beräich an d'Bibliothéik mussen néi renovéiert ginn. Dës Deeler vum Schëff sinn de Moment nëmmen am Kader vun enger sougenannter Geeschter-Tour ze besichen, déi direkt op der Platz gebucht ka ginn. De Moment ginn dann och déi 22 Rettungsbooter renovéiert. D'Queen Mary léit och liicht ausserhalb vun den Touristenzieler: Vun 'Disneyland', Hollywood oder Downtown L.A. brauch een deemno Trafik bis 2 Stonne Faart. Zwar gëtt et eng Metro bis op Long Beach a vun do aus een Bus, mee méi schnell ass dat och net. Dofir allerdéngs ass d'Präisleeschtungsverhältnis vun enger 'Queen Mary'-Iwernuechtung fantastesch. Ab 100 Dollar pro Nuecht kann een hei an enger Duebelzëmmer iwwernuechten.

Méi Informatiounen hei: www.queenmary.com
0 Kommentare

Séiss Dreem am Designer-Bett

27/12/2018

0 Kommentare

 
Bild
Bei Armani, Dior, Lacroix & Versace iwernuerchten - Dës 5 Hotellen sinn am Design nëtt ze toppen.

Dubai - Palazzo Versace
Eemol an engem italieneschen Palais mat Flair aus dem 16. Joerhonnert logéieren - mat Marmer ënnert den Féiss an üppeg Lüsteren iwwert dem Kapp. All eenzelt Miwwelstéck matt all d'Stoffer, déi di 215 Zëmmeren an Suiten vun dësem 5-Stären Hotel schmocken, sinn vum Haus Versace fir den Palazzo zu Dubai moosgeschneidert an exklusiv hiergestallt ginn. Preis: Ab 250 Euro/Nuecht.

New York - St. Regis Hotel
Deen vum Tiffany-Designchef John Loring entwerften Suite (160 Quadratmeter) befënnt sech um 14. Stack vum Luxushotel St. Regis. Se besteet aus engem Foyer, Schlofzëmmer, zwee Buedzëmmeren, een Iessraum an engem Wunnzëmmer mat Kamäin. Wonnerschéin sinn déi kleng Details wéi d'Spigelen an d'Fotellen souwéi Arrangementer aus Porzeläinsblumen - natierlech all aus dem Tiffany-Sortiment. Preis: Ab 9500 Euro/Nuecht (inkl. Butler Service an Fluchhafen-Transfer).

Cannes - Barrière Le Majestic
Op der Promenade de la Croisette geleeën, ass dësen 5-Stären Hotel een Highlight fir Fashionistas. D'Dior-Suite, inspiréiert vum Stammhaus zu Paräis, besteet aus reng Franséisch Eleganz. Biller an Fotoen erënneren un déi bekannten Outfits an hier glamouréis Träger wéi d'Fürstin Gracia Patricia. Preis: Op Unfro.

Mailand - Armani Hotel
Am Modequartier vun Mailand, an der Via Manzoni 31, befënnt sech dësen styleschen Edel-Hotel vum Giorgio Armani. Déi 95 Zëmmer an Suiten sinn ganz am Stil vum Star-Designer ageriicht - schlicht, luxuriéis an mat den feinsten Materialien. D'Miwwelen sinn vun Armani Casa an d'Buedzëmmer aus dem edelsten Marmer. Preis: Ab 530 Euro/Nuecht.

Paréis - Hôtel du Petit Moulin
Ëmmer erëm mat neien Perspektiven an séiss Detailer iwwerrascht dat komplett vum Christian Lacroix gestalten 4-Stären Hotel am Quartier Marais. Wéi un engem Poppenhaus, erënneren déi vum Star-Designer 17 individuell ageriichten Zëmmeren op puer Etagen, déi fir hien typesch kräfteg Faarwen an verspillten Musteren gehale sinn. Preis: Ab 220 Euro/Nuecht
0 Kommentare

    Aner Reportagen

    Bild
    Lissabon: Alles wat een iwwert d'Stad wësse muss
    Liesen
    Bild
    Venedeg: Déi 10 beschte Sehenswierdeg-keete a villes méi
    Liesen
    Bild
    Stied gratis erliewen: Op dëse Platze geet dat!
    LIESEN

    Eis Blogger

    Bild
    Sonja WILMES
    Rees-BLOGGERin
    Bild
    Jacques REISER
    REES-BLOGGER
Mat ganz vill Léift gemaach vun #globetrotterlu © Copyright 2019
  • Home
  • Themen
    • Camping
    • Croisière
    • Fliger
    • Fluchhafe
    • Fräizäitpark
    • Hotel
    • Roadtripp
    • Seightseeing
    • Wellnëss
    • All d'Reportagen
  • Destinatiounen
    • Asien >
      • China >
        • Peking
      • Emiraten >
        • Abu Dhabi
        • Dubai
      • Indien
      • Japan >
        • Osaka
      • Kambodscha
      • Saudi Arabien
      • Singapur
      • Thailand >
        • Bangkok
    • Australien >
      • Melbourne
    • Europa >
      • Däitschland >
        • Berlin
        • Bodensee
        • München
      • England >
        • London
      • Frankräich >
        • Paräis
      • Island
      • Italien >
        • Roum
        • Venedeg
      • Kroatien
      • Lëtzebuerg
      • Moldawien
      • Portugal >
        • Lissabon
      • Slowenien
      • Spuenien >
        • Mallorca
      • Tschechien >
        • Prag
      • Ungarn >
        • Budapest
    • Mëttelamerika >
      • Karibik >
        • Aruba
    • Nordamerika >
      • USA >
        • Los Angeles
        • New York
        • San Francisco
  • Kontakt
    • Eis Equipe
    • Reesplaner
    • Impressum