GlobeTrotter.lu
  • Home
  • Themen
    • Camping
    • Croisière
    • Fliger
    • Fluchhafe
    • Fräizäitpark
    • Hotel
    • Roadtripp
    • Seightseeing
    • Wellnëss
    • All d'Reportagen
  • Destinatiounen
    • Asien >
      • China >
        • Peking
      • Emiraten >
        • Abu Dhabi
        • Dubai
      • Indien
      • Japan >
        • Osaka
      • Kambodscha
      • Saudi Arabien
      • Singapur
      • Thailand >
        • Bangkok
    • Australien >
      • Melbourne
    • Europa >
      • Däitschland >
        • Berlin
        • Bodensee
        • München
      • England >
        • London
      • Frankräich >
        • Paräis
      • Island
      • Italien >
        • Roum
        • Venedeg
      • Kroatien
      • Lëtzebuerg
      • Moldawien
      • Portugal >
        • Lissabon
      • Slowenien
      • Spuenien >
        • Mallorca
      • Tschechien >
        • Prag
      • Ungarn >
        • Budapest
    • Mëttelamerika >
      • Karibik >
        • Aruba
    • Nordamerika >
      • USA >
        • Los Angeles
        • New York
        • San Francisco
  • Kontakt
    • Eis Equipe
    • Reesplaner
    • Impressum

7 Saachen déi een nimools um Fluchhafe kafe soll

20/6/2019

0 Kommentare

 
Bild
Um Fluchhafe lauere vill versteckte Käschten. Domat de Vakanzebudget net schon virun der Vakanz verbraucht ass, gelt ob elo: Fanger ewech vun dëse 7 Saachen, déi um Fluchhafe richteg iwwerdeiert sinn.

1. Waasser
D'Aschränkunge fir Flëssegkeete suerge leider dofir, dass ee bei der Sécherheetskontroll d'Waasserfläschen ofgi muss. Wann een dono eng nei kafe well, muss ee mat deelweis extrem héije Präisser rechnen. Dat muss awer net sinn! Et brauch een nëmmen drun ze denken eng Fläsch anzepaaken, déi een no de Sécherheetskontrollen op der Toilette mat Krunnewaasser opfëlle kann, am Idealfall eng aus Inox aplaatz eng aus Plastik. Dat schount net nëmmen d'Ëmwelt mee Inox ass och nach frei vu Bisphenol-A an aner gesondheetsschiedlech Stoffer a virun allem ee besonnescht laangliewescht Material, dee ville Reese iwwerstoen wäert. Eng Ausnam gëllt awer, an deene Länner wou keng Drénkwaasserqualitéit herrscht. Do ass et dann effektiv besser, eng versigelt Waasserfläsch ze kafen.

2. WIFI
Wou, wann net beim waarden um Fluchhafen, brauch een en gutt WIFI-Netz? De Problem: Op ville Fluchhäfe steet de gratis WIFI nëmme fir eng bestëmmten Zäit zu Verfügung oder et gëtt iwwerhaapt keen an et muss ee bezuelen. Dat sollt een awer op kee Fall maachen: D'Präisser si vill ze héich! Tipp: Ass den Zougang zäitlech begrenzt, kann ee bëssen tricksen, andeem een um Handy d'Auer zeréckstellt. Esou kann een de WIFI-Accès verlängeren. Et lount sech och um Fluchhafe bei Restaurante/Geschäfter wéi McDonald's, Starbucks, ... kucken ze goen: Oft gëtt et hei een eegene WIFI-Netz dee keng Aschränkungen huet.

3. Genéckkëssen
Genéckkësse sinn op Laangstreckeflich eng super Saach. Mee et sollt een déi kleng Këssen ni um Fluchhafe kafen. Well d'Präisser si vill méi héich wéi an normale Geschäfter baussen dem Fluchhafen. Wien Angscht huet, de Kapp un Bord net genuch komfortabel ze Hunn, soll direkt nom eraklamme mat enger Stewardess schwätzen a fir een zweet Kësse froen. Et gi meeschtens genuch Këssen un Bord. Et muss een nëmmen dono froen.

4. Iessen
Vill denke wéinst der Aschränkung fir d'Flëssegkeeten, dass et och net erlaabt wier, Iesse mat un Bord ze huelen. Dat stemmt awer net! Et däerf een esouvill Snacken apake wéi ee wëll an dobäi spuert ee vill Suen, well op Fluchhäfe bezilt ee fir ee Sandwich a Co. richteg vill Geld. Fluchhafen-Iessen ass ëmmer méi deier wei een typesche Restaurant. Dofir sollt een et onbedéngt vermeiden.

5. Souveniren
Aus Langweil um Fluchhafen eng Schnéikugel mam Taj Mahal kafen? Oder een T-Shirt mam Eiffeltuerm? W.e.g. net! Souveniren op Fluchhäfe kaschten oft dat duebelt wéi a Souvenirsgeschäfter um jeeweilege Reeszil. Hei mëscht et wierklech Sënn wann ee virdrun sech iwwerleet wat ee mat Heem huele wëll.

6. Technik
Et huet een den Handy-Luedkabel vergiess? Dat ass zimlech iergerlech. Et sollt een sech awer de Kaf vun engem Ersatzkabel verknäifen, bis een an der Vakanz ukomm ass. Zwar wäert ee vill Geschäfter um Fluchhafen entdecken, an deenen een esou Artikel fënnt, mee awer zu engem stolze Präis: Elektronesch Geräter sinn op de Fluchhäfen am Duerchschnëtt bal 35% méi deier wéi ausserhalb.

7. Geld
Et ass ee vun den natierlechste Reflexer, no der Landung an der Vakanz: Et geet ee bei den éischte Bankomat oder Guichet fir Suen ze kréien. Op Fluchhäfe sinn dës awer meeschtens net dee beschte Choix. De Problem sinn déi oft héich Taxe beim Ophiewe vu Suen oder ee schlechte Taux de Change. Dowéinst lount et sech, éischt mol an den Hotel ze fueren a vun do aus ze kucken, wou een am beschten un d'Landeswärung kënnt.
0 Kommentare

Matt eisen Rotschléi geet et beim Securitéit-Check um Fluchhafen méi schnell

17/6/2019

0 Kommentare

 
Bild
Et ass ee bekannten an ee beängschtegenden Zeenario: Et wëll een eigentlech um Fluchhafe schnell bis bei säi Gate kommen, mee virun engem zitt sech eng scheinbar onendlech Waardeschlaang bis bei de Sécherheets-Check. GlobeTrotter.lu verréit iech awer Tipps mat deenen ee bei der Kontroll méi schnell duerchkënnt. Aktuell an der Haaptreeszäit, dauert et scheinbar éiweg, bis een duerch de Sécherheets-Check um Fluchhafen duerchkënnt. Ganz ännere kann een dat leider nëtt, wëll vill Grënn léien nëtt an der Hand vum Reesender a genau Kontrolle sin jo awer och gewënscht.

Trick 1: Déi richteg Kleedung
De richtegen Outfit ka vill Zäit aspueren. Zum Beispill empfeelt sech eng Jackette mat villen Täschen oder ee klenge Rucksak fir déi wichteg Saache wéi d'Schlësselen, d'Bordkaart etc. Esou hutt dir schnell alles grëffbereet a kënnt virum Check d'Jacketten oder de Rucksak op d'Band ofleenen, aplaz ëmständlech all Klengegkeet aus der Box erauszehuelen.
Ausserdeem sollt dir op är Schong oppassen: Wat méi deck d'Suel oder den Oofsatz ass, wat d'Wahrscheinlechkeet méi grouss ass dass dir speziell nach gechecked gitt. Frae sollen zousätzlech op ee BH ouni Bigel oppassen a béid Geschlechter entweder op ee Rimm verzichten oder dëse virdrun op d'Band sëtzen. Grondsätzlech: Schon virun der Sécherheetskontroll sollt dir all d'Kleederstécker, déi een ausdoe kann, ofgeluecht hunn.

Trick 2: Déi richteg Schlaang eraussichen
Nëtt ëmmer ass déi kierzte Schlaang och déi schnellst. Stellt iech prioritär hannert Léit mat engem Aktenkoffer oder Business-Kostüm: Geschäftsleit reese vill, huelen oft nëmmen dat Noutwendegst mat a si bei de Kontrollen oft méi schnell.
Ofstand hale sollt dir och vun diskutéierende Reesgruppen oder wéineg routinéiert wierkend Passagéier, déi ganz offensichtlech nëmme wéineg fléien oder den Oflaf net am Detail kënnen. Vermeit zudeem Schlaangen, an deene Léit mat puer oder deelweis riseg Handgepäckstécker stinn. Am längsten dauert et fir gewéinlech och bei Famille mat Poussetten, Autossëtzer oder mat klenge Kanner, déi nëtt ëmmer matmaache wëlle wéi d'Elteren sech dat wënschen.

Trick 3: D'Reegelen kënnen
Reegel Nummer 1: All d'Flëssegkeeten iwwert 100 Milliliter si verbueden a jo, dozou gehéieren och Kosmetikartikelen, Crèmen oder Parfum.
Reegel Nummer 2: Flëssegkeete bis zu 100 Milliliter mussen an ee verschléissbare Plastikssak.
Reegel Nummer 3: Déi maximal Meng un Flëssegkeet ass an der EU (an och bal soss iwwerall) vun 1. Liter (also: 10 x 100 Milliliter).
Reegel Nummer 4: Laptops, awer och Tabletts an E-Readers, mussen ëmmer separat ausgepaakt ginn.
Dës Reegele sollt dir och onopgefuerdert ëmsetzen, zum Beispill schon Doheem är Flëssegkeete verpaken an nëtt op de Plastikssak vum Sécherheetspersonal vertrauen. Paakt äre Laptop ouni Opfuerderung aus. Kontrolléiert sëlwer virum Sécherheets-Check, ob d'Waasserfläsch wierklech eidel ass. Dës Klengegkeeten erspueren iech an allen aneren Zäit.

Nëmmen nëtt: Schlecht virbereet sinn
"Ohnee, do hunn ech d'Bordkaart ganz ënnen a meng Täsch gestach" oder "Ups, do war wuel awer nach déi eng Waasserfläsch am Rucksak" - esou Sätz héiert ee beim Sécherheets-Check leider oft. Wann een sech schlecht virbereet, hält een de Betrib op. Dofir: Nëmmen apake wat ee wierklech brauch a wichteg Géigestänn, wéi d'Bordkaart oder de Pass, grëffbereet halen.
Profi-Tipp: Leet d'Géigestänn schon an der Reiefolge op d'Band, wéi dir se dono och erëm unditt/apaakt.

Nëmmen nëtt: Blöd Witzer maachen oder diskutéieren
Et ass den einfachsten Tipp, mee muncher hunn et awer schwéier domat: Näischt soen. Domm Witzer wéi "Kloer, hunn ech eng Bomm!" oder "Hutt dir d'Kokain schon a menge Schong entdeckt?" sinn nëtt witzeg a kënne schlëmmstefalls zu der Festnam féieren. Och Diskussiounen, wéi zum Beispill iwwert d'Waassermeng, sinn nerveg a sënnlos ;-)
0 Kommentare

Nei automatesch Passkontroll um Findel

27/7/2018

0 Kommentare

 
Bild
Déi automatesch Kontroll vun den Reespäss gouf elo och um Lëtzebuerger Fluchhafen agefouert. Dobäi geet et ëm Passagéier, déi aus Länner ausserhalb vum Schengen-Raum fortfléien oder ukommen, also 20 Prozent vun den Passagéier déi um Findel am Transit sinn. Konkret goufen 10 nei automatesch Dieren bei den Police-Kontrollen installéiert, bei deenen d'Police weiderhin och nach manuell Kontrollen duerchféieren wäert. Fir vun den Apparater gebrauch maachen ze däerfen, mussen d'Reesender iwwer 18 Joer am Besëtz vun engem Europäeschen oder engem Schwäizer registréierten biometreschen Pass sinn. D'Dokument gëtt, genau esou wei och d'Gesiicht, gescannt, éier d'Dier opgeet. "Et dauert ongeféier 20 Sekonnen, wann alles dem Standard entsprécht. Et gëtt nach ëmmer een Grenzposten, fir den Fall, dass d'Foto falsch opgenomm gin wier, d'Dier manuell opgemaach misst ginn oder wann et een Problem mam Reesender géif ginn, woubäi eng méi spezifesch Kontroll néideg wier", erkläert Lisa Waldbillig, Assistentin vun der Fluchhafenpolice.
No 7 Méint Aarbechten goufen d'Kontroll-Reien vun 3 op 9 an Richtung "Arrivée" an vun 3 op 8 an Richtung "Départ" erhéicht. Dat wäert d'Waardezäit fir d'Reesender verkierzen an mëscht den Findel zu engem modernen Fluchhafen, seet d'Rebecca Pecknik-Welsch, Medien- an Kommunikatiounsmanager bei Lux-Airport. Dës Modernisatioun ass ëmsou wichteg, do ëtt ëmmer méi Reesziler ausserhalb vum Schengen-Raum ugebueden ginn, wéi d'Erëffnung vun enger Verbindung an d'Emiraten, op Ras al-Khaima (liest och eisen Artikel: "Lëtzebuerg: D'LuxairTours flitt an d'Emiraten, mee wat gëtt gebueden?") ab Oktober 2018. "Matt der Aféierung vun den automatiséierten Grenzkontroll-Dieren hunn mir onst gemeinsamt Ziel erreecht, nämlech den Service fir den Passagéier ze erhéijen an gläichzäiteg eis Grenzen méi sécher ze hunn", ënnersträicht den Etienne Schneider, Wirtschaftsminister an Minister fir intern Sécherheet.
D'Investitiounen fir d'Moderniséierung belafen sech op 3,65 Milliounen Euro, wou 2,35 Milliounen Euro vum Fluchhafebedreiwer an 1,3 Milliounen Euro vum Staat gedroen ginn, wou dorënner 64 Prozent vun der EU co-finanzéiert ginn. "Dësen Projet ass een perfekt Beispill dofir, wéi mir zesummen mat eisen Partner Technologien asetzen, ëm d'Zieler vun eisem Fluchhafenkonzept ze erreechen andeems mir den Komfort vun gréisser Fluchhäfen mat der entspaanter Reeserfahrung vun klengeren Regionalfluchhäfen kombinéieren", seet d'Renée Steinhaus, CEO ad interim vun Lux-Airport.
0 Kommentare

    Aner Reportagen

    Bild
    Lissabon: Alles wat een iwwert d'Stad wësse muss
    Liesen
    Bild
    Venedeg: Déi 10 beschte Sehenswierdeg-keete a villes méi
    Liesen
    Bild
    Stied gratis erliewen: Op dëse Platze geet dat!
    LIESEN

    Eis Blogger

    Bild
    Sonja WILMES
    Rees-BLOGGERin
    Bild
    Jacques REISER
    REES-BLOGGER
Mat ganz vill Léift gemaach vun #globetrotterlu © Copyright 2019
  • Home
  • Themen
    • Camping
    • Croisière
    • Fliger
    • Fluchhafe
    • Fräizäitpark
    • Hotel
    • Roadtripp
    • Seightseeing
    • Wellnëss
    • All d'Reportagen
  • Destinatiounen
    • Asien >
      • China >
        • Peking
      • Emiraten >
        • Abu Dhabi
        • Dubai
      • Indien
      • Japan >
        • Osaka
      • Kambodscha
      • Saudi Arabien
      • Singapur
      • Thailand >
        • Bangkok
    • Australien >
      • Melbourne
    • Europa >
      • Däitschland >
        • Berlin
        • Bodensee
        • München
      • England >
        • London
      • Frankräich >
        • Paräis
      • Island
      • Italien >
        • Roum
        • Venedeg
      • Kroatien
      • Lëtzebuerg
      • Moldawien
      • Portugal >
        • Lissabon
      • Slowenien
      • Spuenien >
        • Mallorca
      • Tschechien >
        • Prag
      • Ungarn >
        • Budapest
    • Mëttelamerika >
      • Karibik >
        • Aruba
    • Nordamerika >
      • USA >
        • Los Angeles
        • New York
        • San Francisco
  • Kontakt
    • Eis Equipe
    • Reesplaner
    • Impressum