GlobeTrotter.lu
  • Home
  • News
  • Reportagen
  • Kontakt

Vill Zichausfäll op der Paräisser Gare Montparnasse

31/7/2018

0 Kommentare

 
Bild
Nom Brand an engem elektreschen Héichspannungswierk fällt an der grousser Paräisser Gare Montparnasse all zweet Zuchverbindung aus. Um Méinden 30. Juli sinn nëmmen ronn 50% vun den Zich gefuer, wéi een Spriecher vun der franséischer Bunn SNCF zu Paräis gesot huet.
Bis déi elektresch Versuergung erëm vollstänneg hiergestallt gëtt, kann nach puer Deeg daueren. Den Brand am Wierk vum Stroumliwwerant RTE hat den Zuchverkéier an der Gare am Süden vun der Haaptstad um Freiden weitgehend lahmgeluercht. Um Samschden sinn dunn erëm 70% vun Zich gefuer. Dës Ausfäll treffen d'Reesender matten an der Vakanzenzäit. Vun der Gare Montparnasse fueren d'Zich un d'Atlantikküst an an den Westen vum Land.
Nom Tëschefall huet sech d'Regierung agemëscht. Den Ëmweltminister an d'Transportministerin, Nicolas Hulot an Elisabeth Borne, hunn ugekënescht, d'Stroumversuergung vun der Gare ënnersichen ze loossen. Stéierungen op der Gare Montparnasse sin keng Seelenheet. Am Summer 2017 huet Medieberichter no eng Signalstéierung den Zuchverkéier iwwert puer Deeg den Verkéier laam geluecht. Am Dezember huet eng Wéichenstéierung den Betrib komplett gestéiert.
0 Kommentare



Hinterlasse eine Antwort.

    aner News

    Bild
    USA: Zu Hawaii huet et geschneit
    Liesen
    Bild
    USA: Zu New York entsteet eng Plage um Hudson River
    Liesen
    Bild
    Däitschland: D'Fluchgesellschaft "Germania" ass faillite
    Liesen

    Kategorien

    Alle
    Argentinien
    Australien
    Barbados
    Belsch
    Brasilien
    Chile
    China
    Däitschland
    Éisträich
    England
    Europa
    Frankräich
    Frankräich
    Galapagos
    Guatemala
    Holland
    Hongkong
    Indien
    Indonesien
    Iran
    Irland
    Italien
    Jamaika
    Japan
    Kanada
    Kuba
    Lëtzebuerg
    Mallorca
    Malta
    Mexiko
    Philippinnen
    Polen
    Portugal
    Qatar
    Schwäiz
    Singapur
    Spuenien
    Sri Lanka
    Südgeorgien
    Tschechoslowakei
    Tunesien
    USA
    Weltwäit

    Bild
    Sonja Wilmes
    Rees journalistin
    Bild
    Jacques Reiser
    Rees journalist
© COPYRIGHT 2019. ALL RIGHTS RESERVED.
  • Home
  • News
  • Reportagen
  • Kontakt