Den Pacific Coast Highway an Kalifornien zwëschen San Francisco an Los Angeles ass den Klassiker bei den Küstestroossen an den USA. Den Deeloofschnëtt vun der 'California State Route 1' (kuerz: 'Highway No. 1') bitt op 360 Kilometer spektakulär Ausbléck op Klippen, Stränn, dem Mier an féiert béi vill schéin kleng Küsteuertschaften wéi Monterey an Pismo Beach. Zu den beléiften Deelstécker zielt den sougenannten Big Sur, een ongeféier 100 Kilometer laangen Küstesträifen zweschen Cambria am Süden an Carmel am Norden. No heftegen Wanterstierm an Äerdrutschen waren hei allerdéngs enorm Reparatiounsarbeschten néideg, déi iwwert annerhalleft Joer gedauert hun. Dës Aarbechten sin awer, laut engem Bericht vum Reesmagasinn "Condé Nast Traveler" elo offiziell fäerdeg. Séit Donneschden kënnen Autosfuerer d'Stréck, déi ënnert anerem iwwert déi bekannten 'Bixby Bridge' féiert, erëm komplett befueren. Wärend den Sanéierungsmoossnamen haten Autofuerer, dem Bericht no, Ëmleedungen iwwert d'Banneland mussen huelen, déi puer Stonnen zousätzlech Fuerzäit bedeit hunn. Vill Hotellen an Sehenswierdegkeeten laanscht dës Stréck haten wéinst mangelnden Visiteur- an Ëmsaatzzuelen gekloot. D'Repartounsarbeschten hun awer 2 Méint méi fréi konnten ofgeschloss ginn.
0 Kommentare
Hinterlasse eine Antwort. |
aner NewsKategorien
Alle
|