Ryanair huet eng Rei nei Premium-Produiten, am Zesummenhang mam verbesserten Bordmenü, agefouert.
Nei bei der Low-Cost-Airline ass Heineken 0.0% (alkoholfräien Béier), Hendriks Gin, Grey Goose Vodka an méi gesond Snacks wéi 'UFIT' Protein Gedrénks an Protein-Riegel. Ryanair ass déi éischt Fluchgesellschaft déi Heineken 0.0% ubitt. Dozou besteet, op verschidden Flich, d'Méiglechkeet säin Frühstück schonn am viraus ze bestellen. Den Ryanair-Pressespriecher seet: "Clienten entscheeden sech bereets fir d'Ryanair fir den niddregsten Tarif an déi bescht Fluchrouten. Elo kënnen se sech och nach op een méi angenehm Flucherlierwniss mat engem verbesserten Bordmenü freeën, wat d'Ryanair dësen Summer zur idealer Fluchgesellschaft fir mat Famill an Frënn an d'Vakanz ze fléien mëscht."
0 Kommentare
Hinterlasse eine Antwort. |
aner NewsKategorien
Alle
|