GlobeTrotter.lu
  • Home
  • News
  • Reportagen
  • Kontakt

Kanada: Ab 2019 kann een den Titanic-Wrack besichen

20/12/2018

0 Kommentare

 
Bild
D'Firma "OceanGate" plangt fir den Summer 2019 Expeditiounen bei d'Titanic. Déi sougenannten "Titanic Survey Expeditions" sollen ab dem 26. Juni vun Néifundland an Kanada aus starten. Fir Deel vun dëser Expeditioun ze ginn, mussen d'Interesséierter folgend Viraussetzungen erfëllen: 18 Joer al sinn, een gültegen Reespass hunn, eng Woch um Expeditiouns-Schëff liewen kënnen, kleng Schlauchbooter op rauem Mier benotzen kënnen, gläichgewiicht an Flexibilitéit demonstréieren kënnen an et muss een den Training packen. Am ganzen daueren d'Expeditiounen 11 Deeg. Nierwend dem Dauchgang ginn an deenen Deeg och noutwendeg Trainingen absolvéiert, déi op d'Bedingungen iwwert an ënnert dem Waasser virbereeden. Den Dauchgang selwer dauert zweschen 6 an 8 Stonnen. Mat Mini-U-Booter tauchen een Pilot, 3 Spezialisten, een Titanic-Expert an een Gaascht erof bis bei d'Titanic déi ongeféier 3,8 Kilometer an der Déift léit. Dank verglaasten Wänn an puer Baussen-Kameraen sollen d'Passagéier wärend dem Dauchgang eng eemoleg Aussiicht op d'Titanic hunn. Privat Titanic-Taucher mussen fir Ticketen allerdéngs déif an d'Täsch gräifen. Den Präis pro Persoun bedréit 105.129 Dollar, ëmgerechent ongeféier 92.473 Euro. Klengen Funfakt dobäi: Genau souvill sollen och d'Éischtklasseg Ticketen fir Titanic am Joer 1912 kascht hunn.
0 Kommentare



Hinterlasse eine Antwort.

    aner News

    Bild
    USA: Zu Hawaii huet et geschneit
    Liesen
    Bild
    USA: Zu New York entsteet eng Plage um Hudson River
    Liesen
    Bild
    Däitschland: D'Fluchgesellschaft "Germania" ass faillite
    Liesen

    Kategorien

    Alle
    Argentinien
    Australien
    Barbados
    Belsch
    Brasilien
    Chile
    China
    Däitschland
    Éisträich
    England
    Europa
    Frankräich
    Frankräich
    Galapagos
    Guatemala
    Holland
    Hongkong
    Indien
    Indonesien
    Iran
    Irland
    Italien
    Jamaika
    Japan
    Kanada
    Kuba
    Lëtzebuerg
    Mallorca
    Malta
    Mexiko
    Philippinnen
    Polen
    Portugal
    Qatar
    Schwäiz
    Singapur
    Spuenien
    Sri Lanka
    Südgeorgien
    Tschechoslowakei
    Tunesien
    USA
    Weltwäit

    Bild
    Sonja Wilmes
    Rees journalistin
    Bild
    Jacques Reiser
    Rees journalist
© COPYRIGHT 2019. ALL RIGHTS RESERVED.
  • Home
  • News
  • Reportagen
  • Kontakt