Den Rynair-Fliger war um Wee vun Dublin op Paräis, wou den James Hazlett sech mat dem Fluchbegleeder Uzi unbefrend huet. Wou en him erzielt huet, dass en gär iwwert den Bordtelefon sangen géif, huet den Uzi net un säin Mutt gegleeft. Dat war genuch Ureiz fir den James opzestoen an ze weisen, wat en drophat. "Challenge accepted", huet den James sech wuel geduecht. Enn ass vun senger Sëtzplaz opgestane an huet sech den Telefon fir d'Duerchsoen geholl. Waat dat passéiert ass, konnten déi aner Passagéier wuel kaum gleewen. Den Jong huet d'Lidd "All of Me" vum John Legend voller Leidenschaft duerch d'Kabinn gesongen. D'Passagéier waren begeeschtert an hunn applaudéiert. Dass déi Performance vum James esou gutt war, hat awer och een Grond. Den Jong ass professionellen Sänger an Entertainer, huet am Musikcollege BIMM zu Dublin studéiert, bericht "The Independent". Dat erkläert wuel wisou hien och den kompletten, bal 3 Minutten laangen Song presentéiert huet an net nëmmen een Deel vum Klassiker. Als Merci fir seng Ënnerhalung un Bord huet säin neien Frend, den Fluchbegleeder Uzi, iwwregens Schampes spendéiert. No der Landung dierft den James dann och nach an den Cockpit an op dem Pilotensëtz poséieren.
0 Kommentare
Hinterlasse eine Antwort. |
aner NewsKategorien
Alle
|