Déi iresch Fluchgesellschaft Ryanair huet GlobeTrotter.lu op Nofro hin matgedeelt, dass ab dem 1. November dat 2t Handgepäckstéck net méi gratis ass. Un Bord däerf dann nëmmen nach eng kleng Täsch, net méi grouss wéi 40 x 20 x 25 Zentimeter an mat maximal 20 Liter Inhalt, déi ënnert dem Passagéiersetz passt matgeholl ginn. Als Vergläich: Souguer Schoulsäck an Sporttäschen sinn oft méi grouss. Sollt d'Gepäckstéck méi grouss sinn, muss een 25 Euro bezuelen. Wien nach een 2t méi grousst an maximal 10 Kilo schwéiert Handgepäck mathuelen well, huet 2 Optiounen: Entweder en muss fir 6 bis 8 Euro Priority Boarding buchen an kann dann säin Gepäckstéck mat un Bord huelen. Oder en bezilt 8 bis 10 Euro fir d'anchecken vum Gepäck an der Soute. Ryanair huet sech selwer fir den neien Tarif gelueft: Bis elo hätten Clienten beim anchecken vun Gepäck een Präis vun 25 Euro fir een Gepäckstéck bis 20 Kilogramm bezuelt, elo géif et awer och d'Optioun ginn een méi liicht Handgepäck anzechecken. Marketingchef Kenny Jacobs huet an enger Pressematdeelung erkläert: "60 Prozent vun eisen Clienten sinn vun den Ännerungen net betraff". Dobäi géifen schon 30 Prozent vun den Passagéier nëmmen mat enger klenger Täsch reesen. Ryanair geet och dovun aus, dass "agecheckten Gepäck een Service ass, fir deen den Client bezuelen géif".
0 Kommentare
Hinterlasse eine Antwort. |
aner NewsKategorien
Alle
|