GlobeTrotter.lu
  • Home
  • News
  • Reportagen
  • Kontakt

Holland: Haaptstad Amsterdam wëll keen Massentourismus méi

25/5/2018

0 Kommentare

 
Bild
Genau wéi Barcelona, Venedeg an aner vum Massentourismus betraffen Metropolen wëll elo och Amsterdam géint den Flut vun den Touristen an déi zounehmend Kommerzialisatioun vun der Stad virgoen. GlobeTrotter.lu wéisst, wat geplangt ass.
An engem offiziellen Statement vun den 4 Parteien, déi sech an Koalitiounsverhandlungen zur Bildung vun der Lokalregierung vun Amsterdam befannen an GlobeTrotter.lu virleit, ginn folgend Moossnamen virgestallt, déi direkt no Regierungsuntrëtt an Kraaft trieden sollen:
  • D'Tourismusstéier soll bis 2022 Schratt fir Schratt däitlech erhéicht ginn. Ab 2020 soll se eischtmools erhéicht ginn, fir 2019 geet se op 7 Prozent erop.
  • Werbung soll am ëffentlechen Raum reduzéiert ginn. Dofir soll ënnert anerem d'Werbestéier erëm agefouert ginn.
  • International Marken-Geschäfter an Geschäfter déi sech nëmmen un Touristen wenden an d'Stadbild mëttlerweil dominéieren, sollen och däitlech ageschränkt ginn. Dozou zielen och Glassen- an Souvenirsgeschäfter.
  • Touristesch Transportmëttel um Waasser an um Land (Vëlotaxi, Segway, Béier-Vëloen, Päerdskutschen an Booter) sollen sou wéit wéi méiglech aus dem Stadbild verschwannen.
  • Den Bau vun Hoteller soll och ageschränkt ginn. Hausbesëtzer däerfen hiert Haus, iwwert AirBnB zB, nëtt méi als 30 Deeg pro Joer un Touristen léinen. An bestëmmten Quartieren vun der Stad soll d'Verlounen unn Touristen eventuell grondsätzlech verbueden ginn.
  • Kreuzfahrtschëffer sollen nëtt méi am direkten Stadgebitt unlëen kënnen. Dofir sollen alternativ Platzen ausserhalb vun Amsterdam ageriicht ginn.
0 Kommentare



Hinterlasse eine Antwort.

    aner News

    Bild
    USA: Zu Hawaii huet et geschneit
    Liesen
    Bild
    USA: Zu New York entsteet eng Plage um Hudson River
    Liesen
    Bild
    Däitschland: D'Fluchgesellschaft "Germania" ass faillite
    Liesen

    Kategorien

    Alle
    Argentinien
    Australien
    Barbados
    Belsch
    Brasilien
    Chile
    China
    Däitschland
    Éisträich
    England
    Europa
    Frankräich
    Frankräich
    Galapagos
    Guatemala
    Holland
    Hongkong
    Indien
    Indonesien
    Iran
    Irland
    Italien
    Jamaika
    Japan
    Kanada
    Kuba
    Lëtzebuerg
    Mallorca
    Malta
    Mexiko
    Philippinnen
    Polen
    Portugal
    Qatar
    Schwäiz
    Singapur
    Spuenien
    Sri Lanka
    Südgeorgien
    Tschechoslowakei
    Tunesien
    USA
    Weltwäit

    Bild
    Sonja Wilmes
    Rees journalistin
    Bild
    Jacques Reiser
    Rees journalist
© COPYRIGHT 2019. ALL RIGHTS RESERVED.
  • Home
  • News
  • Reportagen
  • Kontakt