GlobeTrotter.lu
  • Home
  • Themen
    • Camping
    • Croisière
    • Fliger
    • Fluchhafe
    • Fräizäitpark
    • Hotel
    • Roadtripp
    • Seightseeing
    • Wellnëss
    • All d'Reportagen
  • Destinatiounen
    • Asien >
      • China >
        • Peking
      • Emiraten >
        • Abu Dhabi
        • Dubai
      • Indien
      • Japan >
        • Osaka
      • Kambodscha
      • Saudi Arabien
      • Singapur
      • Thailand >
        • Bangkok
    • Australien >
      • Melbourne
    • Europa >
      • Däitschland >
        • Berlin
        • Bodensee
        • München
      • England >
        • London
      • Frankräich >
        • Paräis
      • Island
      • Italien >
        • Roum
        • Venedeg
      • Kroatien
      • Lëtzebuerg
      • Moldawien
      • Portugal >
        • Lissabon
      • Slowenien
      • Spuenien >
        • Mallorca
      • Tschechien >
        • Prag
      • Ungarn >
        • Budapest
    • Mëttelamerika >
      • Karibik >
        • Aruba
    • Nordamerika >
      • USA >
        • Los Angeles
        • New York
        • San Francisco
  • Kontakt
    • Eis Equipe
    • Reesplaner
    • Impressum

Frankräich: Mam fléienden Taxi zu Paräis iwwert d'Seine düsen

24/9/2019

0 Kommentare

 
Bild
D'Stroosse vun der franséischer Haaptstad si vun Autoen iwwerfëllt. Verkéierschaos a Loftverschmotzung si stänneg Begleeder an der Stad, déi beim Ranking vun de meeschtbesichte Stied vun der Welt op déi zweete Platz kennt, mat méi wéi 19 Milliounen Touriste pro Joer. D'Start-Up Firma 'SeaBubbles' huet elo villäicht d'Léisung zum Problem - een neien Transportmëttel: Den "fléienden Taxi", vun der Firma och 'sea bubble' genannt. Deen futuristesche Won ass op der Seine ënnerwee a kéint scho bal Léit zu Paräis vun A op B bréngen, an dat ouni Stau oder iwwerfëllte Metroen. De 'sea bubble' geséit aus wéi ee klengt wäisst Schëff. Beim Fuere schwieft den Taxi bis zu engem hallwe Meter iwwert dem Waasser an erreecht dobäi eng Vitesse vu bis zu 30 Stonnekilometer. Well en een Elektromotor huet, ass en besonnesch lues. 4 Passagéier an ee Chauffeur hunn am Won Platz. D'Firma promouvéiert mam Slogan "keng Wellen, keng CO-2-Emissiounen, kee Kaméidi". De 'sea bubble' soll schonn am nächste Fréijoer a Betrib geholl ginn, virausgesat dass d'Tester gutt verlafen an déi franséisch Autoritéiten d'Autorisatiounen ausstellen. Wat d'Faart da kaschte soll, ass nach net bekannt. Op der Seine kann een dann am 'sea bubble' sëtzen a beim Eiffeltuerm oder laanscht aner Paräisser Sehenswierdegkeete schwiewen. D'Firma plangt Taxi-Statiounen um Waasser, verdeelt an der ganzer Stad. D'Firma gëtt un, dass och a Stied wéi Genf, Zürech, Amsterdam an Rotterdam un de Konzept interesséiert wieren. Dobäi ass den Testlaaf um Genfer Séi virun 2 Joer schif gelaf. Dausende Léit hunn dobäi nogekuckt, wéi den Taxi am Waasser ënnergaangen ass.
0 Kommentare



Hinterlasse eine Antwort.

    aner News

    Bild
    Weltwäit:
    Wunnen um Croisièresschëff? Eng Start-up mëscht dat méiglech!

    Liesen
    Bild
    USA: Duerch de Film 'Joker' gëtt dës Trap zu New York zu enger neier Touristen-Attraktioun
    LIESEN
    Bild
    Hong Kong: Monopoly-Haus mécht op
    Liesen

    Eis Blogger

    Bild
    Sonja WILMES
    Rees-BLOGGERin
    Bild
    Jacques REISER
    Rees-BLOGGER
Mat ganz vill Léift gemaach vun #globetrotterlu © Copyright 2019
  • Home
  • Themen
    • Camping
    • Croisière
    • Fliger
    • Fluchhafe
    • Fräizäitpark
    • Hotel
    • Roadtripp
    • Seightseeing
    • Wellnëss
    • All d'Reportagen
  • Destinatiounen
    • Asien >
      • China >
        • Peking
      • Emiraten >
        • Abu Dhabi
        • Dubai
      • Indien
      • Japan >
        • Osaka
      • Kambodscha
      • Saudi Arabien
      • Singapur
      • Thailand >
        • Bangkok
    • Australien >
      • Melbourne
    • Europa >
      • Däitschland >
        • Berlin
        • Bodensee
        • München
      • England >
        • London
      • Frankräich >
        • Paräis
      • Island
      • Italien >
        • Roum
        • Venedeg
      • Kroatien
      • Lëtzebuerg
      • Moldawien
      • Portugal >
        • Lissabon
      • Slowenien
      • Spuenien >
        • Mallorca
      • Tschechien >
        • Prag
      • Ungarn >
        • Budapest
    • Mëttelamerika >
      • Karibik >
        • Aruba
    • Nordamerika >
      • USA >
        • Los Angeles
        • New York
        • San Francisco
  • Kontakt
    • Eis Equipe
    • Reesplaner
    • Impressum