Zerstéiert Haiser, onpasséierbar Stroossen an souguer Doudeger: Am Chile sinn den Moment extrem Wiederkonditiounen. Wärend et am Norden staark reent an doduerch Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen entstoen, sinn am Süden méi wéi 30 Bëschbränn. Am ganzen Land gouf den Noutstand ausgeruff. Déi sintflutarteg Reenfäll hunn bis elo op mannst 6 Léit d'Liewen kascht, bericht den "Santiago Times" den Weekend. Iwwerlafend Flëss hunn Stroossen ëm d'Atacama-Wüste, déi drëchendst Wüst vun der Welt, staark beschiedegt. Eng Landstrooss no vun Calma gouf vun den Fluten komplett eweggerass, daat weisen Dronenopnamen an engem Video. Déi 37.000 Awunner vun Calama haten 4 Deeg laang keen Drénkwaasser, bericht den Noriichteportal "Perfil". Zerstéiert Stroossen an Äerdrutschen hunn puer Regiounen vun der Baussewelt ofgeschnidden. D'Reenfäll hunn mëttlerweil nogelooss. Am Süden hunn d'Bëschbränn ronn 16.000 Hektar Land zerstéiert. Den President Piñera huet schon 193 Milliounen US-Dollar geséchert, ëmgerechent 170 Milliounen Euro, fir d'Opraum- an d'Opbauaarbechten, esou d'Zeitung "La Tercera".
0 Kommentare
Hinterlasse eine Antwort. |
aner NewsKategorien
Alle
|