GlobeTrotter.lu
  • Home
  • News
  • Reportagen
    • Themen >
      • Camping
      • Ëmwelt
      • Entspanung & Wellnëss
      • Finanzen
      • Fluchhafe
      • Foire Vakanz 2019
      • Gesetzer
      • Hotel
      • Ranking
      • Remisen
      • Seightseeing & Kultur
      • Stories
      • Transport
    • Destinatiounen >
      • China
      • Däitschland
      • Éisträich
      • Emiraten
      • England
      • Frankräich
      • Island
      • Kambodscha
      • Kroatien
      • Lëtzebuerg
      • Matla
      • Portugal
      • Schwäiz
      • Slowenien
      • Spuenien
      • Thailand
      • USA
      • Weltwäit
  • Kontakt

Weltwäit: Dës Fluchgesellschaften schueden dem Klima am meeschten

13/12/2018

0 Kommentare

 
Bild
An engem Ranking, dem "Atmosfair Airline Index 2018", deen déi däitsch Klimaschutzorganisatioun 'Atmosfair' dës Deeg virgestallt huet, kann all Fluchgesellschaft zweschen 0 an 100 Effizienzpunkten kréien, getrennt no Kuerz, Mëttel- an Laangstreckeflich. Bëlleg-Fluchgesellschaften ginn am AAI an enger eegener Klass gewäert. Den Index baséiert op dem CO2-Ausstouss vun der Fluchgesellschaft pro Kilometer an Passagéier op allen geflunnen Strecken, wéi et an der Pressematdeelung vun 'Atmosfair' heescht.
Folgend 10 Fluchgesellschaften hunn beim "Atmosfair Airline Index 2018" an der Gesamtwäertung am schlechtsten ofgeschnidden:
  • South African Airlink (Südafrika) mat 2,3 Effizienzpunkten in der Effizienzklasse G (Platz 125)
  • Egyptair Express (Ägypten) mat 25,4 Effizienzpunkten an der Effizienzklasse F (Platz 124)
  • Kenya Airways (Kenia) mat 27,6 Effizienzpunkten an der Effizienzklasse F (Platz 123)
  • Envoy (USA) mat 28,2 Effizienzpunkten an der Effizienzklasse F (Platz 122)
  • Delta Connection (USA) mat 28,5 Effizienzpunkten an der Effizienzklasse F (Platz 121)
  • TAP Express (Portugal) mat 30,6 Effizienzpunkten an der Effizienzklasse F (Platz 120)
  • United Express (USA) mat 31,1 Effizienzpunkten an der Effizienzklasse F (Platz 119)
  • Mahan Air (Iran) mat 33,9 Effizienzpunkten an der Effizienzklasse F (Platz 118)
  • Air Astana (Kasachstan) mat 34,8 Effizienzpunkten an der Effizienzklasse F (Platz 117)
  • Virgin Australia Regional (Australien) mat 36,0 Effizienzpunkten an der Effizienzklasse F (Platz 116)
0 Kommentare

Weltwäit: Schifuerer sollen virun der éischten Offaart hier Ausrüstung préiwen

26/10/2018

0 Kommentare

 
Bild
Éier et an d'Schivakanz geet, sollen Wanter-Sportler hiert Equipement grëndlech iwwerpréiwen. Do d'Sécherheet beim Schifueren héich Prioritéit huet, empfeelt et sech ënner Ëmstänn, Deeler vun der Ausrüstung ze ersetzen. Virun der éischten Offaart préiwen Schifuerer besser d'Schnallen vun hiren Schong. Se sollen fest zougoen an keng Rëss hunn, erkläert den Däitschen Schiverband (DSV). Bei den Suelen ass opzepassen: Sinn se staark ofgelaf, léisst sech d'Kraaft net méi ideal vun den Féiss op den Schi iwwerdroen. Se sinn zerkraazt an rau, kéint dat d'Ausléisfunktioun vun den Bindungen beanträchtegen.
Generell gëllt: Méi wéi 10 Joer al Schischong tauschen Wantersportler léiwer aus. Mat der Zäit zersetzt sech den Konschtstoff am Schong, erklären Fachleit. An der Folge kéinten d'Schong briechen ginn. Niewent den Schischong hunn och d'Bindungen an d'Schi Opmierksamkeet verdéngt. Raschteg oder zerkraazten Kanten sollten nei geschlaff ginn. Well schaarf Kanten sinn Verbands-Angaben no bei Eis an haardem Schnéi méi grëffeg. Dat suergt fir méi Sécherheet. Frësch gewuessten Schi rutschen besser an sinn méi einfach op der Piste ze dréinen. Dat spuert Kraaft. D'Bindungen mussen halen an sech beim falen ausléisen. Doduerch sollten béid virun der éischten Offaart vun engem Professionellen gepréift ginn, réit den DSV.

0 Kommentare

Weltwäit: Déi meescht bereesten Länner op der Äerd sinn ...

31/8/2018

0 Kommentare

 
Bild
2017 war een absoluten Rekordjoer fir den globalen Tourismus: Dat huet elo d'Studie "Tourism Highlights 2018 Edition" vun der Welttourimusorganisatioun (UNWTO) festgestallt. Deemno wier den internationalen Tourismus ëm 7 Prozent gewuess, wat déi stäerktsen Erhéijung säit 2010 bedeit. Am ganzen goufen fir 2017 ongleeweg 1,3 Milliarden international Reesen verzeechent. An natierlech huet déi Studie och bekannt ginn, wei eng Länner op der Welt am meeschten besicht goufen. Hei sinn déi Fënnef meescht bereesten Länner op der Welt am Joer 2017:
1. Frankräich (86,9 Milliounen Visiteuren)
2. Spuenien (81,8 Milliounen Visiteuren)
3. USA (75,9 Milliounen Visiteuren)
4. China (60,7 Milliounen Visiteuren)
5. Italien (58,3 Milliounen Visiteuren)

0 Kommentare

Weltwäit: Déi aktuell Waassertemperaturen an Europa an op der Welt

26/7/2018

0 Kommentare

 
Bild
Wou ass d'Mier den Moment am wäermsten an wéi waarm sinn d'Gewässer bei den europäeschen Küsten an méi wäit? Wärend der Hëtztwell zu Lëtzebuerg kënnen sech d'Reesender bei den Küsten op bis zu 29 Grad waarmen Waasser freeën. Bal tropesch Waassertemperaturen bitt d'Mëttelmier mat 26 Grad zu Rimini, bis zu 27 Grad op Mallorca an an Tunesien. An wéigesoot, 29 Grad zu Antalya un der türkescher Küst.
Waassertemperaturen an Europa:
Biskaya 20-24
Algarve-Küst 19-21
Azoren 21-23
Kanarisch Inselen 21-23
Franzéisch Mëttelmierküst 22-27
Östlëcht Mëttelmier 24-30
Westlëcht Mëttelmier 21-27
Adria 24-27
Schwarzen Mier 25-27
Madeira 22-23
Ägäis 24-28
Zypern 28-29
Antalya 29
Korfu 26
Tunis 27
Mallorca 25-27
Valencia 27
Biarritz 24
Rimini 26
Las Palmas 22
Waassertemperaturen Weltwäit:
Rouden Mier 30
Südafrika 16
Mauritius 27
Seychellen 27
Malediven 29
Sri Lanka 27
Thailand 29
Philippinen 30
Tahiti 28
Honolulu 26
Kalifornien 20
Golf vun Mexiko 30
Puerto Plata 26
Sydney 17
0 Kommentare

Weltwäit: Dat sin déi beschten Fluchgesellschaften

18/7/2018

0 Kommentare

 
Bild
Knapp 20 Milliounen Fluchpassagéier aus méi wéi 100 Länner hunn dëst Joer bei der gréisster 'Skytrax'-Ëmfro hier Stëmmen zu den Produiten an Déngschtleeschtungen vun verschidden Fluchgesellschaften uginn. Insgesamt 335 Fluchgesellschaften waren am Ranking mat dobäi, woubäi déi gréissten Full-Service-Fluchgesellschaften als och Low-Cost- an méi kleng Fluchgesellschaften berécksiichtegt ginn. Gefrot gouf ënnert anerem no der Propperheet, den Sëtzkomfort, d'Iessen, d'Gedrénks, d'Frëndlechkeet an d'Kompetenz vum Personal beim Check-in an an der Loft, d'Qualitéit an d'Vilfalt vum Entertainment-System an villes méi. An den Gewënner ass 'Singapore Airlines'! Déi national Fluchgesellschaft vum südostasiateschen Insel- an Stad-Staat stéisst domat dëst Joer 'Qatar Airways' vum Troun. D'Fluchgesellschaft vum Emirat Qatar hat et am Virjoer trotz politescher Spannungen nach op der eischter Platz vum Ranking gepackt, beleet dëst Joer awer ëmmer nach eng gutt zweet Platz. Op der Plaz 3 vum Ranking lant, wéi och schon 2017, déi japanesch Fluchgesellschaft 'ANA All Nippon Airways'. 'Emirates', den Gewënner 2016, beleet erëm déi 4. Platz, déi däitsch 'Lufthansa' léit onverännert op der 7. Platz. Néi am Top Ten ass 'Thai Airways' op der 10. Platz.

Den Top Ten am Iwwerbléck:
Platz 1: Singapore Airlines (2017: Platz 2)
Platz 2: Qatar Airways (2017: Platz 1)
Platz 3: ANA All Nippon Airways (2017: Platz 3)
Platz 4: Emirates (2017: Platz 4)
Platz 5: EVA Air (2017: Platz 6)
Platz 6: Cathay Pacific (2017: Platz 5)
Platz 7: Lufthansa (2017: Platz 7)
Platz 8: Hainan Airlines (2017: Platz 9)
Platz 9: Garuda Indonesia (2017: Platz 10)
Platz 10: Thai Airways (2017: – )
0 Kommentare

Zëmmermeedchen verréit: Souvill Drénkgeld ass am Hotel ubruecht

16/7/2018

0 Kommentare

 
Bild
D'Joresgehalt vun enger Botzfra ass an der Regel nëtt besonneg héich. Doduerch hoffen vill Zëmmermedercher op guddem Drënkgeld vum Client. Mee weivill ass wierlech unbruecht? Vill Botzfraen am Hotel verdéngen zimlech wéineg. Doduerch wënschen sëch Zëmmermeedercher 1 bis 2 Euro vun den Clienten an gesin daat als een feinen Geste vum Client. Wéineg unbruecht ass dofier awer nëmmen puer Cents ze hannerlossen. Dëst gäng den Client sech jo och nëtt wënschen an dem Zemmermeedchen senger Plaatz. Dobei kënnt dass d'Drënkgeld nett verstéiert muss gin.
0 Kommentare

Weltwäit: Op dës 20 Strecken ass den Fluchverkéier am dichtsten

17/6/2018

0 Kommentare

 
Bild
Eemol am Joer wäert den 'Official Airline Guide' (OAG) aus, wei eng Fluchrouten op der Welt déi héchst Frequenz opweisen. Frequenz bedeit am Zesummenhang: D'Dicht vum Fluchverkéier pro Route. Dësen Wäert ergëtt sech an der OAG-Auswäertung aus folgend Faktoren: D'Unzuel vun den Fluchgesellschaften, déi op enger Route verkéieren, d'Zuel vun den ugebueden Sëtzplazen souwéi vun den Passagéier an den ugebueden Verbindungen.
Déi belieften Routen sinn dobäi virun allem op dem asiateschen Kontinent ze fannen: Am Top 20 fannen sech 15 an Asien, nëmmen 2 an Europa an Nordamerika. Nëmmen 1 interkontinental Verbindung huet et an den Ranking gepackt: D'Verbindung New York - London.
  • Kuala Lumpur, Malaysia – Singapur
  • Hongkong – Taipeh, Taiwan
  • Jakarta, Indonesien – Singapur
  • Hongkong – Shanghai Pudong, China
  • Jakarta – Kuala Lumpur
  • Seoul Incheon, Südkorea – Osaka, Japan
  • Hongkong – Seoul Incheon
  • New York LaGuardia, USA – Toronto, Kanada
  • Dubai, VAE – Kuwait
  • Hongkong – Singapur
  • Bangkok Suvarnabhumi, Thailand – Singapur
  • Bangkok Suvarnabhumi – Hongkong
  • Hongkong – Peking, China
  • Dublin, Irland – London Heathrow, Großbritannien
  • Osaka – Taipeh
  • New York JFK – London Heathrow
  • Osaka – Shanghai Pudong
  • Seoul Incheon – Tokio Narita, Japan
0 Kommentare

Weltwäit: Sou einfach loossen sech Hotelzëmmerendieren knacken

27/4/2018

0 Kommentare

 
Bild
Wien an engem Hotel ancheckt, kritt oft keen Schlëssel méi mee eng Kaart, matt där sech d'Zëmmerdier opmaachen léisst. Mee déi dorop baséiert Schléisssystemer sinn offensichtlech nëtt ëmmer sécher, wéi déi opwänneg Recherchen vun IT-Experten elo erginn hunn.
Et soll nëmmen puer Sekonnen daueren an schonn huet een eng Generalkaart an der Hand fir sämtlech Hotelszëmmeren vun engem Hotel opzemaachen. Wéi einfach esou een "Hack" méiglech ass, presentéiert d'IT-Sécherheetsfirma "F-Secure" dës Woch virun der däitscher Presse, wéi den "Westdeutsche Rundfunk" (WDR) an enger Pressematdeelung schreift.
D'Sëcherheetslück hätten d'Experten no jorelaangen Recherchen an engem System vun der schwedescher Firma "Assa Abloy" ausgemaach, wou weltwäit an Dausenden Hoteller Milliounen Zëmmerdieren mat engem Kaartensystem ausgerëscht huet. D' "Hecken" vun den Kaartensystemer wär dem Bericht vun der WDR no bei méi wéi eng Millioun Hotelszëmmeren an 166 Länner méiglech.D'Mataarbechter vun "F-Secure" entdecken eng weider gravéierend Sécherheetslück: Esou woor et hinnen, laut Bericht, méiglech iwwert d'Netzwierker vun den betraffenen Hoteller och d'Daten vun hiren Clienten ausgelies. Schonn am Mäerz wär d'Firma "Assa Bloy" iwwert den Mängel an hirem System informéiert ginn.
An Däitschland sinn laut der WDR em déi 30.000 Dieren betraff. Ob dësen System zu Lëtzebuerg am Ansaatz ass, ass net bekannt. Den Här Christophe Sut, Vizechef vun "Assa Abloy", huet versicht ze berouegen. D'Sécherheetslück wär awer net besonnesch riskant. "Hotelgäscht kennen sech weiderhin sécher an hirem Zëmmer fillen.", zitéiert den WDR der Firma.

Bis d'Mängel komplett behuewen sinn, gäng allerdéngs nach daueren. Zwar steet säit Unfanck dësem Joer een Update zu Verfügung, mat deem et den Hoteller méiglech soll sinn, d'Sëcherheetslücken an hirem Kaartesystem ze besäitegen. Allerdéngs muss awer dofir den System vun all eenzel Hoteldier aktualiséiert ginn.
0 Kommentare

ranking: Déi 20 gréissten Fluchhäfen vun der Welt

12/4/2018

0 Kommentare

 
Bild
Den Daachverband vun den internationalen Verkéiersflughäfen "Airport Council International (ACI) verëffentlecht reegelméisseg d'Zuelen vun den Passagéier, déi an den weltwäiten Fluchhäfen tatsächlech ofgefäerdegt ginn. GlobeTrotter.lu kënnt den aktuellen Ranking :
1. Hartsfield-Jackson Atlanta International Airport (USA): 103,90 Milliounen Passagéier (- 0,3 Prozent)
2. Beijing Capital International Airport (Peking, China): 95,79 Milliounen Passagéier (+ 1,5 Prozent)
3. Dubai International Airport (Vereinigte Arabische Emirate): 88,24 Milliounen Passagéier (+ 5,5 Prozent)
4. Flughafen Tokio-Haneda (Japan): 85,40 Milliounen Passagéier (+ 6,5 Prozent)
5. Los Angeles International Airport (USA): 84,56 Milliounen Passagéier (+ 4,5 Prozent)
6. Chicago O’Hare International Airport (USA): 79,82 Milliounen Passagéier (+ 2,4 Prozent)
7. London Heathrow (Großbritannien): 78,01 Milliounen Passagéier (+ 3 Prozent)
8. Hongkong International Airport (China): 72,67 Milliounen Passagéier (+ 3,4 Prozent)
9. Shanghai Pudong International Airport (China): 70 Milliounen Passagéier (+ 6,1 Prozent)
10. Paris Charles-de-Gaulle (Frankreich): 69,47 Milliounen Passagéier (+ 5,4 Prozent)
11. Flughafen Amsterdam Schiphol (Niederlande): 68,52 Milliounen Passagéier (+ 7,7 Prozent)
12. Dallas/Fort Worth International Airport (USA): 67,09 Milliounen Passagéier (+ 2,3 Prozent)
13. Guangzhou Baiyun International Airport (China): 65,89 Milliounen Passagéier (+ 10,3 Prozent)
14. Flughafen Frankfurt am Main (Deutschland): 64,50 Milliounen Passagéier (+ 6,1 Prozent)
15. Istanbul Atatürk Airport Istanbul (Türkei): 63,87 Milliounen Passagéier (+ 6,5 Prozent)
16. Indira Gandhi International Airport (Indien): 63,45 Milliounen Passagéier (+ 14,1 Prozent)
17. Jakarta Soekarno-Hatta International Airport: 63,02 Milliounen Passagéier (+ 8,3 Prozent)
18. Singapore Changi Airport (Singapur): 62,22 Milliounen Passagéier (+ 6 Prozent)
19. Incheon International Airport, Seoul (Südkorea): 62,17 Milliounen Passagéier (+ 7,5 Prozent)
20. Denver International Airport (USA): 61,38 Milliounen Passagéier (+ 5,3 Prozent)
0 Kommentare

Ryanair bitt elo och Laangstreckeflich un

10/4/2018

0 Kommentare

 
Bild
Déi iresch Bëlleg-Fluchgesellschaft Ryanair erweidert säin Angebot an bitt duerch eng Kooperatioun mat Air Europa Laangstreckeflich vun Europa no Nord-, Mëttel- an Südamerika un.
Bis elo konnt een Flich vun Ryanair haaptsächlech huelen fir an Europa bëlleg vun A op B ze kommen. Duerch eng Kooperatioun mat der spuenescher Airline Air Europa geet et elo awer och iwwert den Atlantik.  Ryanair bréngt duerch hier Flich Passagéier ënnerhalb Europa bis bei dës Laangstreckeflich zu Madrid.
Dat neit léit och dorun dass een d'Flich Richtung Buenos Aires, Caracas, New York,... iwwert d'Homepage vun Ryanair buchen kann. D'Gepäck vun engem Ryanair Fluch gëtt op den Laangstreckefluch vun Air Europa automatesch ëmgeleet. "Dës Flich sinn schon an Betrib an kënnen iwwert d'Homepage vun Ryanair gebucht ginn" bestätegt den Robin Kiely, Head of Communications bei der irescher Fluchgesellschaft.
0 Kommentare
<<Zurück

    aner News

    Bild
    USA: Zu Hawaii huet et geschneit
    Liesen
    Bild
    USA: Zu New York entsteet eng Plage um Hudson River
    Liesen
    Bild
    Däitschland: D'Fluchgesellschaft "Germania" ass faillite
    Liesen

    Kategorien

    Alle
    Argentinien
    Australien
    Barbados
    Belsch
    Brasilien
    Chile
    China
    Däitschland
    Éisträich
    England
    Europa
    Frankräich
    Frankräich
    Galapagos
    Guatemala
    Holland
    Hongkong
    Indien
    Indonesien
    Iran
    Irland
    Italien
    Jamaika
    Japan
    Kanada
    Kuba
    Lëtzebuerg
    Mallorca
    Malta
    Mexiko
    Philippinnen
    Polen
    Portugal
    Qatar
    Schwäiz
    Singapur
    Spuenien
    Sri Lanka
    Südgeorgien
    Tschechoslowakei
    Tunesien
    USA
    Weltwäit

    Bild
    Sonja Wilmes
    Rees journalistin
    Bild
    Jacques Reiser
    Rees journalist
© COPYRIGHT 2019. ALL RIGHTS RESERVED.
  • Home
  • News
  • Reportagen
    • Themen >
      • Camping
      • Ëmwelt
      • Entspanung & Wellnëss
      • Finanzen
      • Fluchhafe
      • Foire Vakanz 2019
      • Gesetzer
      • Hotel
      • Ranking
      • Remisen
      • Seightseeing & Kultur
      • Stories
      • Transport
    • Destinatiounen >
      • China
      • Däitschland
      • Éisträich
      • Emiraten
      • England
      • Frankräich
      • Island
      • Kambodscha
      • Kroatien
      • Lëtzebuerg
      • Matla
      • Portugal
      • Schwäiz
      • Slowenien
      • Spuenien
      • Thailand
      • USA
      • Weltwäit
  • Kontakt