Léit déi säit dem Joer 2000 den Nationalmusée am Grand Canyon besicht hunn, hunn sech geféierlech Stralungen ausgesat, ouni et ze wëssen. Bis viru kuerzem stoungen 3 grouss Eemere mat Uran am Musée, am Lager niewent engem ausgestoppten Déier. Op dëser Platz hunn souguer oft Kannergruppen ee Stopp gemaach fir sech Virträg unzehéieren a Paus ze maachen. Ee vun den Eemere war esou voll, dass den Deckel guer net zougaangen ass. No engem Bericht vun der Zeitung "Arizona Republic" huet de Sécherheetschef vum Musée erkläert, dass weder d'Mataarbechter nach d'Visiteure vum Park dofir gewarnt goufen, dass si de Stralungen ausgesat waren. Nëmmen duerch een Zoufall goufen déi radioaktiv Eemere entdeckt. Ee Jong hat bei sengem Besuch am Musée de Geigenzähler vu sengem Papp dobäi. Den Teenager hat esou den Uran fonnt a Park-Mataarbechter Bescheed gesot. Besonnesch komesch: Nodeems d'Mataarbechter den Uran entsuergt haten, sinn d'Eemere erëm an de Musée gelant. Se goufe vun Inspektere fonnt an erëm entsuergt. De Sécherheets- a Gesondheetsmanager Elston Stephenson huet ee Bréif un all d'Mataarbechter vum Park geschriwwen. Senger Meenung no huet de Parkmanagement de Virfall probéiert ze vertuschen. De Manager huet an engems och viru méiglech Folge vun der Aussätzung gewarnt. "Wann dir an der Zäit vun 2000 bis Juni 2018 am Gebai 2C vum Musée waart, da war dir Uran ausgesat", schreift Stephenson. D'Stralungswäerter hätten d'Sécherheets grenz vun der 'Nuclear Regulatory Comission' iwwerschratt. Joerzéngte laang waren déi Eemere mat Uran am Keller vum Haaptgebai ënnerbruecht, goufen awer an de Muséeësgebai bruecht wou et am Joer 2000 opgemaach huet.
0 Kommentare
Keeltrekorder ginn gebrach, meterhéich Wëllen op den Plagen an staark Stierm: Hawaii erlieft grad extreemt Wierder. Den nationalen Wiederdéngscht huet um Sonden eng Schnéi-Warnung fir d'Inselen erausginn. An tatsächlech: Op ronn 1.890 Meter gouf den "Polipoli State Park" op der Insel Maui um Méinden vun enger wäisser Schnéischicht bedeckt. Normalerweis schneit et an deem Staat nëmmen op ronn 3.000 Meter Héicht. Dat deelt déi hawaiianesch Ofdeelung fir Land an Natur Ressourcen op Facebook mat. D'Temperaturen ereschen op puer Platzen vum Bundesstaat souguer bal minus 13 Grad, een néien Rekord. Den nationalen Wiederdéngscht warnt den Moment awer net nëmmen virun Schnéi an Eis mee och virun riseg Wëllen um Mier. Besonnesch hefteg ass d'Situatioun op der Insel Oahu: "D'Zoustänn sinn beandrockend an extrem geféierlech". Zuelräich Parken sinn opgrond vum Stuerm zou gemaach ginn. Fir déi Eenheemescher hunn d'Flacken awer eppes Magesches. Si genéissen déi ongewinnten Keelt an den Schnéi.
Onwäit vun den Héichhaiser an dem beléiften Héich-Park 'High Line' soll am New Yorker Staddeel Manhattan ab kommendem Joer eng Plage entstoen. Mat 2,2 Hektar Fläch soll den ëffentlechen Strand um Hudson River ongeféier esou grouss sinn wéi 3 Fussballfelder, kënnegt den Entwéckler un. Déi Fläch beim Floss am Südwesten vun Manhattan léit wéineg Minutten vum 'Whitney Museum' an aner Sehenswierdegkeeten ewech. D'Erëffnung vum 300 Milliounen Dollar (ongeféier 786 Milliounen Euro) deieren Projet ass fir 2022 geplangt. Bueden goen wäert awer wahrscheinlech net erlaabt sinn. D'Waasserqualitéit am Hudson River huet sech an den leschten Joren zwar däitlech gebessert. Mee, wéinst deels staark Stréimungen bleift awer trotzdeem d'Fro ob Schwammen am Hudson River vun der Plage aus erlaabt wäert sinn.
Den längsten "Shutdown" an der Geschicht vun den USA huet weiderhin Auswierkungen fir Reesender. An den Fluchhäfen vum Land mussen sech Passagéier op laang Waardezäiten astellen. Vill Mataarbechter vun der Transportsécherheet 'TSA' bleiwen der Aarbecht friem, wei se matdeelen. Reesender sollen deemno méiglecht frei um Fluchhafen sinn. Wéinst der undauernden Haushaltssperre sin och vill Nationalparken an Muséen an den USA den Moment zou wei den 'US National Park Service' (NPS) op senger Internetsäit schreift, déi allerdéngs och net méi aktualiséiert gëtt. An den meeschten Parken ginn et keng Déngschtleeschtungen fir Visiteuren (wei Toiletten, Ooffallsammlung etc) méi. Den "Zosemite National Park" hat schon Enn Dezember op senger Internetsäit erkläert dass eenzel Zougäng zum Park an den Haaptbesuchszäiten ageschrengt geifen ginn. Begrënnt wier dat ënnert anerem wéinst dem Offallproblem. Den National Park Service verwalt, eegen Angaben no 418 Parken an historesch Siten an den USA. Dorënner befannen sech vill Monumenter, geschichtlech bedeitsahm Platzen,... Dobäi och vill bekannten Naturparken. Dës ginn besonnesch am Summer besicht, aktuell ass keng Heichsaison an den USA. Wéinst déi säit méi wei engem Mount unhalend Haushaltssperre, och "Shutdown" genannt, sinn ronn 800.000 Staatsemployéen ouni Loun oder schaffen ouni Bezuelung weider.
Kanada-Reesender kommen grad an den Genoss vun engem fraschtegen-schéinen Naturspektakel. Well am Bundesstaat Ontario an am Nordosten vun den USA ass et esou därmoossen kal, dass souguer d'Niagarafäll zum Deel gefruer sinn. Zwar fléissen d'Waassermassen nach ëmmer weider an d'Déift, mee virun enger wonnerschéiner Kulisse. D'Klippen, d'Beem an d'Glënneren sinn veräist, an och d'Säiten vum Waasserfall sinn deelweis agefruer. Dës Regioun gëtt all Joer vun ronn 18 Milliounen Leit besicht an ass eng vun den beléiften Touristenattraktioun an Nordamerika. D'Visiteuren sinn begeeschter vun den wäiss gekleet Wasserfäll an deelen vill Fotoen op den Sozialen Medien. D'Touristin Emma Grafham huet dem Sender "CNN" gesot, si hätt sech wei am Schlass vum Disneyfilm "Frozen" gefillt. "Et gouf souguer déi Trap, déi direkt virun dem Aussiichtspunkt plazeiert war, an se haat sou vill Eis op sech, dass et ausgesinn huet wei wann d'Esla grad hiren Aarm ausgestreckt an eng Eisbréck gezaubert hätt", sot si. Komplett zougefruer waren déi berühmten Waasserfall iwwregens déi leschten kéier am Joer 1911, also virun méi wei honnert Joren. Ob et dëst Joer erëm sou weit kommen kéint? Opallenfall schwätzen d'Temperaturen dofir: Angaben vum "National Weather Bureau of Canada" no, hunn sech säit d'lescht Woch an den ëstlechen, zentralen an arktesch Regiounen vun Kanada op eng extrem Keelt agestallt. D'Thermometer weisen minus 30 bis minus 40 Grad, an op puer Platzen sinn d'Temperaturen souguer op minus 55 Grad Celsius erof gaangen.
Eng Drone huet wärend puer Stonnen den Fluchverkéier um Fluchhafen Newark bei New York behënnert. D'Besatzung vun 2 Fliger hunn um Dënschdegnomëtten bei der Landung eng Drone gesinn an gemellt, erkläert een Spriecher vun der US-Loftfahrtadministratioun. D'Drone ass deemno an der Géigend vum Fluchhafen vun Teterboro geflunn, deen sech bei Newark befënnt. Landungen zu Newark goufen doropshin kuerzzäiteg gestoppt. Well an der Folge keng Drone méi gesinn gouf, konnt den Fluchverkéier erëm erlaabt ginn. Den Virfall huet awer zu Verspéidungen bei Flich gefouert. Dronen suergen ëmmer erëm fir Behënnerungen am Loftraum. Eréischt leschten Dezember huet eng Drone puer Deeg virun Chrëschtdag den Fluchhafen vun London Gatwick fir ronn 36 Stonnen flaachgeluecht.
Opgrond vun engem medezineschen Noutfall huet eng "United-Airlines"-Maschinn um Wee vum US-Bundesstaat New Jersey op Hongkong um vergaangenen Samschdegowend an der kanadescher Stad 'Goose Bay' tëschelanden, bericht e.a. "Spiegel Online" ënnert Beruffung op den kanadeschen Radiosender 'CBC'. Nodeems den kranken Passagéier an d'Klinik bruecht ginn ass, hätt den Fliger eigentlech weiderfléien sollen. Mee et koum anescht: Opgrond vun techneschen Problemer huet d'Maschinn missten am ganzen 16 Stonnen an Kanada um Buedem bleiwen. Offenbar war eng Dier zougefruer, wei et heescht. Do et zu 'Goose Bay' keng Zollbeamten am Asaz waren, dierften déi 250 Passagéier den Fliger net verloossen. Den Wee an den Flughafengebei ass den Passagéier domat verspaart bliwwen. Un Bord vun der Maschinn wier et schnell onangenehm ginn, wei een Passagéier laut "Spiegel Online" dem Sender "CBC sot. Zwar wieren Decken verdeelt ginn, dëst hätten awer net vill bruecht. Och wier d'Iessen un Bord vum Fliger knapp ginn. Eréischt no Stonnen wier Iessen vun enger Fast-Food-Ketten geliwwert ginn. Fir déi 250 Passagéier ass et eréischt um Sonndegmëtten mat enger bereetgestallten Ersatzmaschinn weider gaangen. Mee net wei virgesinn op Hongkong, mee zeréck op Newark, wou d'Maschinn 1 Dag virdrun gestart war.
D'Passagéier haten sech op eng entspaanten Karibik-Croisière gefreet. Mee amplaz gouf et een Norovirusalarm op der "Oasis of the Seas". D'Schëff vun der Reederei "Royal Caribbean" huet doropshin d'Croisière ofgebrach an ass den lëschten Samschden, een Dag méi fréi wéi geplangt, zeréck op den Starthafen "Port Canaveral" an Florida zeréckgefuer. Als éischt war vun ongeféier 280 kranken Passagéier geschwat ginn, mee anzweschen ass kloer: D'Krankheet huet elo bal duebelt sou vill Passagéier erwëscht. Knapp 500 vun den am ganzen 9000 Léit un Bord haten respektiv hunn nach ëmmer mat Duerchfall an Mokrämp ze kämpfen. Dat huet een "Royal-Caribbean"-Spriecher dem Sender "NBC News" bestätegt. D'Reederei "Royal Caribbean" hat ugekënnegt dass all d'Passagéier den vollen Reespräis zeréckbezuelt kréien. Nodeems d'Schëff zeréck um "Port Canaveral" war, sinn d'Botzequippen amarschéiert. Se hunn d'Schëff grëndlech desinfizéiert. Schon wärend der Croisière hat d'Besatzung Deeler vum Schëff desinfizéiert, wärend d'Passagéier dozou gedrängt goufen, hier Hänn ze wäschen an an den Kabinnen ze bleiwen, wéi den Sender "WSB TV" bericht. D'Passagéier haten op Twitter iwwert d'Zoustänn un Bord bericht. Se hunn vun engem "groussen Chaos" geschwat. Wou d'Schëff zu Falmouth an Jamaika ugedockt huet, dierften beispillsweis all d'Passagéier d'Schëff net verloossen, och déi, déi sech net mam Virus infizéiert haten. Trotz den Ëmstänn huet d'Crew awer fir méiglechst gutt Laun un Bord gesuergt, esou een Reesender. Den Norovirus ass een héich ustiechenden Erreeger, deen schwéier Mo-Daarm-Erkrankungen ausléisen kann. Een typeschen Symptom ass Brochduerchfall.
Se wierken an Gedanken versonk an bal esou, als géifen se selwer op déi nächst Metro waarden, mee d'Mosaiken op der nei renovéierten Metro-Statioun 23rd Street zu New York weisen keng Pendler oder Awunner, mee Hënn vum Kënschtler William Wegman. D'Hënn virun bontem Hannergrond, déi den Wegman deels an der Jackett, Hiem oder mat Reenmutz wéisst, bréngen Faarf an dat meescht éischter trauregt Metro-Bunnsystem vun der Metropole. "Ech wollt Porträten eenzeler Charakteren schaarfen, Mënschen déi een niewend sech op dem Quai geséit. Dofir hunn ech d'Hënn an méi oder wéineger gewéinlech Kleeder, mee net zevill Moudesch", erkläert den Wegman zum Projet. Een Mosaik-Maacher aus München huet d'Foto vun sengen Hënn Flo an Topper an eng Mosaik verwandelt. Den Wegman wunnt net wäit vun der Gare fort. Weimaraner sinn vergläichsweis grouss an hunn meescht groen Fell. Deen aus dem Massachusetts kommenden Kënschtler fotograféiert seng Hënn säit den 70er Joren. Säin éischten Weimaraner deeft hien 'Man Ray' no dem US-Kënschtler, deen virun allem déi Dada-Beweegung an den Surrealismus beaflosst huet. Mat hirem eeschthaften Gesiichtsausdrock wierken d'Hënn an der Kleedung, mat Perrécken oder niewent Alldags-Géigestänn mënschlech an dobäi oft komesch.
Et ass een vun den gréissten Hackerugrëff vun der Geschicht: Bis zu 500 Milliounen Gäscht vun den Hotellen wéi 'Sheraton' an 'Westin' sinn betraff. Ënnert den geklauten Daten sinn zum Deel och Kreditkaartendetailer, déi méiglecherweis entschlësselt kennen ginn. Der Hotelsketten 'Marriott' sinn Daten vun bis zu enger hallwer Milliarde Gäscht vun der Duerchtergrupp 'Starwood' geklaut ginn. Am Fall vun 327 Milliounen Hotelsgäscht geet et em Daten wéi Numm, E-Mail Adressen, Uschrëften, Passnummeren, Gebuertsdatumen souwéi den Openthaltszäitraum, deelt d'Firma mat. Bei puer Gäscht wieren och verschlësselt Kreditkaarten-Daten geklaut ginn. Dobäi kéint 'Marriot' bis elo net ausschléissen, dass och déi zou Entschlësselung néideg Dateien geklaut goufen. Éischt Hiweiser op een Ugrëff op déi 'Starwood'-Datebank wieren Ufank September vun enge internen Sécherheetssystem komm, erkläert 'Marriot'. Bei der Ënnersichung wier festgestallt ginn, dass "eng net autoriséiert Partei Informatiounen kopéiert an verschlësselt huet" heescht et. "Um 19. November 2018 konnt 'Marriot' d'Informatiounen entschlësselen an huet festgestallt, dass se aus der 'Starwood'-Datebank fir Gäschtreservatiounen kommen". D'Datebank huet Daten vun Gäscht enthalen, déi bis inklusive den 10. September gebucht haaten.D'Autoritéiten wieren ageschalt ginn an Reguléierer wieren ënnerriicht, heescht et weider. Säit Freiden wieren och déi Betraffen informéiert ginn. 'Marriot' kéint déi finanziell Folgen vum Hack nach net aschätzen.
|
aner NewsKategorien
Alle
|